Freideg, 17. Mee 2024

Neies vun der Elterevereenegung




Vakanzateliers 2012 vam 6. August bis den 24. August

2012-08-01

Wéi all Joors hat d'Eltrevereenigung sich rëm vill Aarbicht gemaat fir d'Vakanzateliers fir d'Kanner van dër Schoul um Kiemel ze organiséiren.

Am Anhang fand dër dën détailléiërte Programm mat Aktivitéiten, Rendez-vous, Auerzäiten, Moniteurs, ...

Dann hoffe mër na just op schéint Wiädder, fir dat o déi flott Aktivitéiten viraan dër Diir fir all Bedeeligt zu engem Succès giän.



 Pdf.pdf(129 KB)



Bericht iwert eist Schoulfest 2012

2012-07-29

Am folgenden Artikel fand dër paar Infoën a Photoën zu eisem Schoulfest 2012.
Vill Spaass beim Liäsen!
 Pdf.pdf(1.75 MB)



Schoulfest den 8. Juli 2012

2012-07-02

Wéi all Joors lied d'Eltrevereenigung an Zesaamenaarbicht mam Léierpersonal all Kanner mat hiren Eltren op hirt Schoulfest an, daat dëst Joor Sonndes, den 8. Juli iwert d'Bühn geet.

Niäwt engem flotte Rahmeprogramm mat Spiller an Ateliers'ën, stin o na Optrëtter va Kanner aus dëm Cycle 2 (15.00 Auer) an 4 um Programm.D'Jugendformatioun van dër Wëntger Musik spillt ab 13.00 Auer ee Concert. Um 14. Auer ass d'Cadeausiwerreechung fir eis Kanner aus dëm Cycle 4.2., déi dann o um 17.00 Auer fir ee "Gala-Mätch" géint d'Léierpersonal aantrëdden. Flott Ausstellungen va Projet'ën, déi am Loof vam lesten Trimester an de Cycle 3 a 4 entstann sën, kënnen de ganzen Daag besichtigt giän.

A wéi all Joors fängt daat Ganzt natiirlich o rëm mat dër well traditioneller Kannermass aan, zu där dër all härlich um 10.45 Auër mat äre Kanner an de Centre culturel invitéiërt sët!

A wann da jidfereen do gudd matgebiädd hat, da schenkt eiser Här äis dann o fläicht déi néidig Sonn, déi daat Ganzt dann zu engem richtige Fest wärt maën!



Éischt Zeréck

Eltereverenigung


Eltereverenigung Wëntger Schoul «Um Kiemel» a.s.b.l.
Association des parents d ́élèves de l ́école fondamentale de Wincrange «Um Kiemel» a.s.b.l. affilée à la FAPEL

Adresse: Maison 85 | L-9780 WINCRANGE
www.wincrange.lu Projet: Eltereverenigung

CCRA: LU55 0090 0000 0059 3525
Cotisation annuelle / Mitgliedsbeitrag: 7 €

Projeten