Freideg, 17. Mee 2024

Cycle 3


Mat Kanner philosophéieren

2014-11-05

An dësem Webbook beschreiwen d'Kanner folgend Themen aus hirrer Siicht: Famill; Alter; Liäwwen an Doud.
Dir fannt di Produktiounen ënnert dësem Link
: Mat Kanner philosophéieren - Morale am Cycle 3





PRS-Aktionen im Monat September

2014-11-03

Wer sich für die Entwicklung unserer Schule seit 2009 interessiert, dem Jahr also in dem das neue Schulgesetz in Kraft trat und die Ausarbeitung und Umsetzung von Schulentwicklungsplänen (PRS) erforderlich machte, der kann auf dieser Seite verfolgen welche Richtung  unsere Schule seitdem eingeschlagen hat.



Schoulbuet fir d'Rentrée 2014-2015

2014-09-01

D'Rentrée 2014-2015 wärt fir äis all eng speziell a ganz sëcher eng ganz emotional giän.
D'Tatsaach, dat dë Camille nët méi wärt mat derbäi sën wann ët heescht: "Mër fänken engt neit Schouljoor aan", ass schwéiër ze bagräifen an dach ass ët sou.

Villes van dem waat Dër an eisem neië Schoulbuet fir d' Rentrée 2014-2015 kannt noliäsen dréit  na mat dëm Camille seng Handschrëft oder ass als Iddi mat op senger Mëst gewaas.

Hat Dër also Froën organisatorischer Natur, dann bleedert lo well online durch eise Schoulbuet oder waart op d'Print-Versioun, déi Dër an deene nächsten Deeg an Ärem Courrier wärt fannen.

Bis dohënner wënsche mër Eech na paar schéin an erhoslam Vakanzdeeg.



Summerfest 2014

2014-07-29

Eist Schoulfest, daat dëst Joor fir d'ischt Kéiër ënnert dëm Naam "Summerfest" geloof ass, an daat an Zesaamenaarbicht tëscht Maison Relais, Eltrevereenigung a Schoul, aafgehaale gouf, sollt trotz durchwaassenëm Wiädder dach gudd beséicht sën.

Moiës hat een aafwiässlungsräiche Rallye all Intresséiërt van Wëntger iwer Béigen rëm zréck op Wëntger bei d'Schoul gefouërt.

Hei han d'Kanner dunn op verschiddenen iwerdeckten Platzen flott Spiller erwaart, während déi Grouss sich bei Gedrénks- an Eessstänn Rendez-Vous giän han.

Noomëttes han Kanner aus ënnerschiddliche Cyclen Opféirungen am Centre culturel gemaat, är d'Eltrevereenigung dë Kanner aus dëm Cycle 4.2. mat engem klenge Cadeau Äddi aus dër Wëntger Schoul gesoot hat.

Aafschléissend woor dann den traditionelle Foussballmatch tëscht Léiërersonal an dë Kanner, déi eis Schoul dëst Joor verlossen.




Schoulsportdaag 2014

2014-06-02

Infoën zum dësjährige Schoulsportdaag fand Dër um Link hei drënner.

An deene kommenden Deeg gët dës Säit dann o na mat passende Photoën zu den Aktivitéiten van deenen eenzelnen Cyclen aktualiséiërt!

Kuckt also bei Gelegenheet rëm eng Kéiër ran.




Éischt Zeréck