Freideg, 17. Mee 2024

Cycle 2


Mila - Wuärtkaarten an Themenfelder op ee Bléck

2014-11-18

Am WIKI "Mila Wortkarten" bauën d'Kanner aus dëm Cycle 2 am Loof van dësem Schouljoor dë Wortschatz aus dëm Mila Programm op, sou dat sie d'Wortkärtercher op eiser Homepage doheem an an dër Schoul zu all Moment kënnen opséichen an üben.

Mat dem folgende Link kommt dër op déi entsprechend Wiki-Säit, wou dër dann d'Wortkärtercher zu deenen eenzelne Lauter an Themefelder kannt oproufen.
MILA Wortkarten

Vill Spaass!


Fir dës Säit korrekt ze gesin an d'Toundateiën lauschtren ze kënnen ass ët am Besten wann Dër all Dateiën mat Toun am  FIREFOX start, well anner Browseren dës Säit eventuell fehlerhaft oder ouni Toun aaweisen.

Falls FIREFOX na nët op Ärem Computer installéiët ass kommt dër mam Link ënnen op d' DOWNLOADSÄIT:



PRS-Aktionen im Monat September

2014-11-03

Wer sich für die Entwicklung unserer Schule seit 2009 interessiert, dem Jahr also in dem das neue Schulgesetz in Kraft trat und die Ausarbeitung und Umsetzung von Schulentwicklungsplänen (PRS) erforderlich machte, der kann auf dieser Seite verfolgen welche Richtung  unsere Schule seitdem eingeschlagen hat.



Schoulbuet fir d'Rentrée 2014-2015

2014-09-01

D'Rentrée 2014-2015 wärt fir äis all eng speziell a ganz sëcher eng ganz emotional giän.
D'Tatsaach, dat dë Camille nët méi wärt mat derbäi sën wann ët heescht: "Mër fänken engt neit Schouljoor aan", ass schwéiër ze bagräifen an dach ass ët sou.

Villes van dem waat Dër an eisem neië Schoulbuet fir d' Rentrée 2014-2015 kannt noliäsen dréit  na mat dëm Camille seng Handschrëft oder ass als Iddi mat op senger Mëst gewaas.

Hat Dër also Froën organisatorischer Natur, dann bleedert lo well online durch eise Schoulbuet oder waart op d'Print-Versioun, déi Dër an deene nächsten Deeg an Ärem Courrier wärt fannen.

Bis dohënner wënsche mër Eech na paar schéin an erhoslam Vakanzdeeg.



Summerfest 2014

2014-07-29

Eist Schoulfest, daat dëst Joor fir d'ischt Kéiër ënnert dëm Naam "Summerfest" geloof ass, an daat an Zesaamenaarbicht tëscht Maison Relais, Eltrevereenigung a Schoul, aafgehaale gouf, sollt trotz durchwaassenëm Wiädder dach gudd beséicht sën.

Moiës hat een aafwiässlungsräiche Rallye all Intresséiërt van Wëntger iwer Béigen rëm zréck op Wëntger bei d'Schoul gefouërt.

Hei han d'Kanner dunn op verschiddenen iwerdeckten Platzen flott Spiller erwaart, während déi Grouss sich bei Gedrénks- an Eessstänn Rendez-Vous giän han.

Noomëttes han Kanner aus ënnerschiddliche Cyclen Opféirungen am Centre culturel gemaat, är d'Eltrevereenigung dë Kanner aus dëm Cycle 4.2. mat engem klenge Cadeau Äddi aus dër Wëntger Schoul gesoot hat.

Aafschléissend woor dann den traditionelle Foussballmatch tëscht Léiërersonal an dë Kanner, déi eis Schoul dëst Joor verlossen.




Storyboard Feuerwehr van dëm Team 2.B

2014-06-05

We méi iwert d'Pomjee'ë wëllt wossen, de kann d'Storyboard vam Team 2.B hei opmaën a ralauschtren waat d'Kanner ze erziälle wossen no hirem Besuch bei dë Wëntger Pompjee'ën. Fir dën toun ze héiren brauch dër nëmmen op de Micro ze klicken, den sich am Bild befënd! A schon héiërt dër vill Neiës iwert d'Pompjee'ën.

Vill Spaass




Éischt Zeréck Nächst Lescht