News
De Cycle 4.1. mëcht Vakanz zu Blankenheim
2024-05-11Vum 13. bis 17. Mee maën eis 4 Klassen aus dëm Cycle 4.1. hir Vakanze-Kolonie zu Blankenheim an Däitschland.
Ween méi iwert dën Ausflug wëll wossen, kann op dee Link hei drënner kucke goën, wou mër Eech dann um Loofenden haalen.
De Kanner an hirem Léierpersonal wënsche mër eng schéin an abenteuerräich Vakanz.
Mër free'ën äis op äre Besuch op eiser Säit!
De Cycle 4.1. mëcht Vakanz zu Blankenheim
Bëschkiddies grillen! Les „Bëschkiddies“ font de la grillade!
2024-05-10Bëschkiddies hunn no engem gudden Spazéiergang, gegrillt. Dobäi gouf et Maiszalot, Knueflekssauce, Ham mat Meloun a Drauwespießercher!
Après avoir fait une bonne promenade au plein soleil, les „Bëschkiddies“ ont fait la grillade, accompagné par une salade de mais, une sauce à l‘ail, du melon avec jambon et des brochettes de raisins.
» Galerie
VIP Dësch
2024-05-10Déi Kanner aus dem Cycle 2-4 kënnen sech säit der Ouschtervakanz, Dasdes oder Freides, een VIP-Dësch am Restaurant réservéieren. Sie schreiwen sech an engem Buch an, mat wem, wéini an zou wéiengem Thema sie Iessen kommen.
Les enfants du Cycle 2-4 peuvent réserver une table VIP au restaurant depuis les vacances de Pâques, les mardis et vendredis. Ils s' inscrivent dans un livre, avec qui, quand et sur quel sujet ils mangent.
» Galerie
D'Cliärwer Musikschoul op Besuch
2024-05-07Den 7. Mee hat déi Cliärwer Musikschoul eise Cycle 2.1. beséicht, fir de Kanner Bloosinstrumenter virzestellen. D'Kanner woore begeestert van dem Optrëtt van dë Musiker an han mat geklätscht, gesong a gedanzt.
Dër Musikschoul een décke Merci fir hiren Asatz a vill Erfollig beim Recrutement va neië Musiker!
Bëschkiddies maachen mat hiren Elteren e Meekranz! La fête du 1mai chez les "Beschkiddies"
2024-04-30Den 30.4 owes hunn mer mat eisen Kanner an hiren Elteren e Meekranz gemaach! Kuckt Eech Fotoen an eiser Rubrik Bëschkiddies/Elterenaktivitéiten un.
Le 30avril nous avons fait une couronne pour le 1mai. Découvrez les photos dans la rubrique Bëschkiddies/actvités de parents.