News

Weiterbildung: Portfolio
2010-09-13An den Tagen vom 23. bis zum 25. September 2010 findet an unserer Schule "UM KIEMEL" eine schulinterne Weiterbildung zum Thema "Portfolio" statt.
Was es damit auf sich hat, könnt ihr unter folgendem Link genauer in Erfahrung bringen.

Rentrée 2010-2011
2010-09-12Lo ass ët geschwënn sou wäit!
Ee Mëttwoch, den 15. September mëcht o d'Schoul um Kiemel zu Wëntger um 7.50 Auer rëm hier Diiren fir d'Schouljoër 2010 - 2011 op.
Dee ganzen Daag därfen dann déi grouss an déi méi kleng Kanner Kontakt mat hirem neiën, respektiv bekannten Schoulpersonal ophuällen.
Fir dat d'Kanner all zur Zäit an d'Schoul an o rëm Heem kommen, hat d'Gemeng d'Buslinnen sou mat den Entreprisen Sales a Stéphany organiséiërt, dat dë Schoulwee fir kengt Kand ze lang därft dauren.
D'Pläng van de Buslinnen fand Dër, léiw Eltren am folgenden PDf - Dokument.
Sollten ewer Eltren wëllen beim ischten Schouldaag van hirem Kand derbäi sën, dann biädde mër Eech vam Parking bei der Schwämm Gebrauch ze maën, va wou aus Dër Ärt Kand dann kënnt a seng respektiv Klass begleeden. Dës Parkingsregelung gëllt iwrigens o fir déi kommend Schouldeeg vam Schouljoër 2010-2011.
D'Kanner vam Cycle 2.1. giän van hirem jeweilge Personal am Schoulagank ëmpfong.
Well déi anner Kanner d'Schoulgebei well misste kennen, sollen sie sich selwer an hir jeweilig Klasse begiän!
Op ee gudde Schoulaafank: De Comité van der Wëntger Schoul!


Schoulcharta van der "Schoul um Kiemel" zu Wëntger
2010-08-17Na kurz viraan der grousser Vakanz haat eise Schoulchartagrupp, den sich zesaamengesatt hat aus Mëmbren vam Léierpersonal a Mëmbren aus dem Eltrecomité, déi van hinnen ausgeschafften Charta an Zesaamenaarbicht mat de Kanner op eng flott a liäwig Art a Weis um Schoulfest virgestalt. (Fotoën dozou fand der na ënner eiser News zum Schoulfest)
Fir de Schoulaafank ass d'Charta lo mat dër finanzieller Ënnertsëtzung van eiser Gemeng op Pabeiër gedréckt an all Kand wärt së am Verloof van deenen ischte Schoulwoche mat heem bei seng Eltre brengen.
Wen ewer lo well bësse furwëtzig op daat neit Dokument ass, daat d'Zesaamenaarbicht tëscht Léiërpersonal, Kanner an Eltren méi kloor ëmräisst, de sollt mool daat folgend PDF-Dokument opmaën.
Vill Spaass beim BLEEDEREN!


Aafschlosseessen 2010 vam Léierpersonal
2010-07-19Gelegentlich van esiem Aafschlosseessen, den 15. Juli 2010, bei dem mër o eis Gemengepäpp begréisse konnten,
hat eis Präsidentin dër ganzer Beleegschaft Merci gesoot fir den Engagement, den sie d'ganzt Joër iwer braacht hat, engt Joër daat durch dee neië gesetzliche Rahmen sou munnich Rausforderung an zousätzlichen Engagement van alle Bedeeligten verlangt hat.
Ee besonnische Merci gung an d'Kolleg/Innen Mariannne Hosmar, Francis Stemper an Pol Hermes, déi eis "Schoul um Kiemel" aus ënnerschiddliche Motivatiounen leider verlosse wärten.
Hinnen op hirem neië Wee van dëser Platz aus all Guddes an eech all eng schéi Vakanz!
